23.6.2025
No enger entspantener Busreess si mär haut zu Sankt Johann im Ahrntal am Südtirol ukomm.
D’Schüler/innen hu sech gutt installéiert an dono si mer du Richtung Klausberg bei d’Gondel spadséiert.
Uewen um Bierg ukomm goung et dunn op den Alpine Coaster mat vill Spaass an no engem kuerzen Tëschestopp op der Spillplaz ware si plätschnaass.
24.06.2025
Haut hate mer e schéine Rondgang um Antholzerséi, fir verschiddener war et awer vill ze fréi.
Dono no engem ustrengende Wee, ware verschiddener op der Fly Line alleng oder zu zwee.
No ustrengende Stonnen an der Sonn, hu si dunn eng Glace gewonn!
25.06.2025
Och haut waren d’Pirate scho fréi um Dill, gepaddelt gouf am kale Waasser ganz vill.
Bei de Waasserfall si mer daper eropgeklotert, spéider gouf um Speikboden an der Gondel zesumme gepotert.
An der praller Sonn si mer gesprongen um Trampolin an duerno hu mer op der Rutschban Vollgas ginn.
Geheemelt hu mer Geessen, Kazen a Schof, ruckzuck goung et du mat der Gondel an dat schéint Dall erof.
26.06.2025
Geklotert am Waldseilgarten si mär vu Bam zu Bam, bei bloem Himmel wat en Dram.
Dono si mär mam Bus bis op Brixen gereest, bei 38 Grad hu mir vill geschweest.
An der Schwemm hu mär eis ofgekillt, a bei enger gudder Glace eng Ronn gechillt.