16.06.25
D'Schüler si gutt ukomm.
No enger méi oder manner kuerzer Nuecht, hu mer kuerz virun Innsbruck Halt gemaach fir eis ze stäerken. Dono goung et via de Brennerpass a Brixen bei eisen Hotel. An eisen Zëmmer hu mer eis dunn installéiert, e wéineg eist neit Doheem op Zäit entdeckt an eng gutt Portioun Pasta huet eise groussen Honger gestëllt. Puppsat goung et dann ze Fouss bei d'Gondelstatioun fir op de Klausberg, wou mer vill Spaass haten. Dat huet gutt gedoen no 12 Stonnen am Bus sëtzen.
Fir d'Organisatioun vun enger Kolonie ass et ganz wichteg,
dass Knabbereie matginn, an zwar déi richteg.
Schéin drapéiert sti se net gaanz laang,
well zwee "Meeschtere" sti virun der Dir scho Schlaang.
Méi einfach ass et do mat Deo, Neellack, Lotion a Crème,
dovunn hunn eis Kiddies méi wéi muncheree ganze Stot doheem.
17.06.2025
Ronderëm de Séi ... a fléi !
No enger Ronn Bus mat genuch Kéieren, hu mer eis gutt Zäit gelooss, fir en Trëppeltour em den Altholzer See. Türkiist, frëscht Waasser, wat natierlech gejaut huet "sprang dran". Natierlech huet muncheree sech dat net zweemol soe gelooss. Di aner hu gechillt. No enger klenger Stäerkung ass et dunn e wéineg biergop, biergof zréck bei de Bus gaangen.
Zu Sandt in Taufers hu mer zesummen de "Piloteschäin" gemaach a sinn Zickzack duerch Bamkrounen an iwwer e Waasserfall geflunn. En Highlight fir de ganze Grupp !
Dagesmenü vu Mëttwoch 18/06/25
Frühstück
Bréidecher | Botter | Gebeess | Nutella | Aufschnitt | Kéis | Joghurt | Cornflakes
Bus
Sëtzer | Klimaanlag | Serge
Speikboden
Gondel | Rutschbunnen | Spillplaz | Sonn | Schnéi | Streichelzoo | Chillen
Mëttegiessen
Lunchpaket | Kaiserschmarrn | Croque-Monsieur | Spigelee mat Gromperen
Rafting
26 Grad | Paddelen | Waasser | 12 Grad | Schwammen | Waasserfall | onverletzt
Hotel
Duschen | Pizza | Spill a Spaass
Meteo vun Donneschden 19/06/25
Sonnenopgang géint 5.45 fir déi eng, an e Batz méi spéit fir déi aner. Himmel liicht bedeckt mat Bréidecher, Kaffiniwwel a schmieregem Gebeess.
Am Laf vum Moie kläert et op, awer an de Bamkrounen hänken eng Hellewull Kanner ronderëm, déi no an no neess op de Buedem reenen.
Eng ganz sonneg Mëttesstonn zu Brixen mat allerlee Geldreen fir Shopping a Snacking.
De Nomëtteg gëtt richteg waarm a naass. Mer broden an der Wiss ewéi d'Wuppen um Grill, schéi gecremt, a net mat Mayo ;-) Ofkillung kënnt aus alle Richtungen am grousse Baséng.
Owes Gerubbels am Bauch, en Honger-Wieder. An dono en zolitt Donnerwieder op der Keelebunn.
Fir ofzeschléissen, eng däischter Nuecht, liicht opgehellt vun engem strahlende Bus ënnert de Stären.
20.6.2025
Rezept fir eng gelonge Kolonie
Mir brauchen:
- 3 rëmelenger Klassen
- 41 eenzegaarteg Kanner
- 6 nach méi eenzegaarteg Enseignanten
- THE Serge
- 1 laaaaaaange 14m-Bus vum UNSEN
- 1 familiären Hotel Oberjahrl
- 750 zéieg Kilometer
An esou zwaffe mer dat:
Mir installéieren alles geuerdent an engem 54er Bus, schéi klimatiséiert, an de Sam bréngt eis bis op Seligweiler. Ënnerwee maache mer THE Serge waakreg, dass deen nuets um 4.00 Auer prett ass, fir d'Relève hanner dem Steierrad ze iwwerhuelen.
Déi eenzel Deeg fëlle mer mat gemixten Aktivitéiten, déi sech fir eng laang Zäit an eiser Erënnerung abrennen: Gondelfueren, deels bis op 2400m, Spillen, Turnen, Hopsen, Kloteren, Raften, Schwammen, Bowlen.
Opgepeppt gëtt dat ganz vun e puer gutt gelaunten Enseignanten. Ab und zu schéisst dann och emol deen een oder anere queesch, souwuel déi Kleng, wéi di Grouss. Mee dat ass alles nees séier vergiess.
No enger Woch mautschen an chillen, frupsen an naschelen a genuch Waasser drénken, ass d'Kolonie sou gutt wéi gebak.
Dozou gehéiert dann awer och nach, alles opzeraumen, well do wou geschafft gëtt, entsteet och Onuerdnung. Mee mat der richteger Motivatioun, ass och dat just eng Klengegkeet.
Genéisse kënne mer déi fäerdeg Kolonie da nach laang doheem, wa mer eis u flott Momenter erënneren.